Säit 1995 ass AEM Lighting vun Miersch een zouverlässegen an kompetenten Acteur am Beräich vun der Beliichtung.
Fir eis Equipe vun Liichtberoder ze verstäerken sichen mir een/eng
Liichtplaner(in)
Är Missioun:
Als Liichtplaner(in) am techneschen Bannendéngscht erstellt dir Liichtkonzepter fir eis privat wei och professionell Clients, dëst an Zesummenaarbecht mat onsen Liichtberoder. Dir ënnerstëtz de Client bei eventuellen Froen wärend der Ëmsetzung vum Konzept.
Äre Profil:
- Professionell Erfarung am Beräich vun der Beliichtung, an/oder an der Elektrotechnik.
- Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch Sproochkenntnisser.
- Kreativ, engagéiert, an een Faibel fir Architektur.
- Dir kënnt Autocad, Relux, Dialux.
- Teamfäegkeet
Mir bidden iech:
- CDI, Vollzäit.
- Eng attraktiv Remuneratioun, mat villen Extra-Avantagen.
- Een professionellt Aarbechtsëmfeld mat erfuerenen Aarbechtskolleegen.
- Responsabilitéit an Autonomie.
- Reegelméisseg Intern wei och Extern Schoulungen iwwert däi neisten Produkter an Entwécklungen am Beräich vun der Beliichtung.
Adresséiert äre Kandidatur mat kompletten CV w.e.g. un: neienjob@aem.lu