Liichtberoder(in)

Säit 1995 ass AEM Lighting vun Miersch een zouverlässegen an kompetenten Acteur am Beräich vun der Beliichtung. Fir eis Equipe...

Säit 1995 ass AEM Lighting vun Miersch een zouverlässegen an kompetenten Acteur am Beräich vun der Beliichtung.



Fir eis Equipe vun Liichtberoder ze verstäerken sichen mir een/eng


Liichtberoder(in)


Är Missioun:

Dir berot eisen Client bei der Planung an der Auswiel vun deenen passenden Luuchten fir säin Projet. Dëst souwuel bei AEM zu Miersch wei och –
wann vum Client gewënscht – direkt um Chantier.




Äre Profil:

  • Professionell Erfarung am Beräich vun der Beliichtung, an/oder an der Elektrotechnik.
  • Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch Sproochkenntnisser.
  • Kreativ, engagéiert, an een Faibel fir Architektur.
  • Gutt Mënschekenntnisser a Versteesdemech fir de Client.
  • Teamfäegkeet
  • Autosführerschäin




Mir bidden iech:

  • CDI, Vollzäit.
  • Eng attraktiv Remuneratioun, mat villen Extra-Avantagen.
  • Een professionellt Aarbechtsëmfeld mat erfuerenen Aarbechtskolleegen.
  • Responsabilitéit an Autonomie.
  • Reegelméisseg Intern wei och Extern Schoulungen iwwert däi neisten Produkter an Entwécklungen am Beräich vun der Beliichtung.



Adresséiert äre Kandidatur mat kompletten CV w.e.g. un: neienjob@aem.lu